Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Louis Capazza gebuer de 17. Januar 1862 zu Inelaccia eng hautdesdaags doudeg Uertschaft an der Gemeng Velone-Orneto a gestuerwen den 28. Dezember 1928 zu Paräis war e franséischen Erfinder a Loftfaartpionéier.

Louis Capazza
Gebuer 17. Januar 1862
Bastia
Gestuerwen 28. Dezember 1928
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Ballonspilot
De Louis Capazza um Monument um Col de San Bastiano

De 14. November 1886 ass hien zesumme mam Alphonse Fondère mat dem Waremloftballong Le Gabizos vu Marseille op Korsika geflunn.

Den Depart vun deem Exploit war nomëttes géint hallwer fënnef zu Marseille op der Plaine Saint-Michel haut Jean Jaurès-Plaz, an am Ufank sollt d'Rees nëmme bis op Cassis goen. Wéi de Ballong um fënnef Auer iwwer Cassis war, a well dat Ganzt sou gutt gelaf war hunn déi zwéi Mann am Ballong decidéiert fir nach weider ze fléien. Si sinn sou iwwer La Ciotat bis op d'Héicht vun den Îles d'Hyères geflunn. Do gouf d'Loftgefier vum Mistral gepaakt deen et op d'Mier erausgedriwwen huet. No enger Rees vu fënnef an enger hallwer Stonn si se um Lieu-dit Alzelli an der Gemeng Apietto gelant. D'Noriicht vun der Landung op Korsika gouf mat enger Bréifdauf op Marseille geschéckt.

1908 ass hie mat engem Ballong, iwwer Paräis geflunn an huet bei där Geleeënheet eng Distanz vun 200 km a manner wéi 5 Stonne realiséiert.

Dat selwecht Joer huet hie mat iwwer 2.000 Meter en Héichterekord mat engem Ballong opgestallt, an den 20. Oktober 1910 ass hie mat der Morning Post, engem englesche Loftschëff als Éischten iwwer den Äermelkanal geflunn.

Dem Capazza säi Konstruktiounsbrevet fir säi Loftschëff genannt Aérostat Capazza gouf zu Lëtzebuerg am Dezember 1884 ënner der Brevetsnummer 473 festgehalen.[1]

Referenzen änneren

  1. Mémorial vum 26. Januar 1885