Louis Bassing

lëtzebuergesche Resistenzler

De Louis Bassing, gebuer den 12. Februar 1907 zu Veianen a gestuerwen de 25. Februar 1944 am SS-Sonderlager Hinzert, war e lëtzebuergesche Resistenzler a Gemengesekretär.[1]

Louis Bassing
Gebuer 12. Februar 1907
Veianen
Gestuerwen 25. Februar 1944
SS-Sonderlager Hinzert
Aktivitéit Resistenzler, Fonctionnaire
Member vun Letzeburger Vollekslegio'n

De Louis Bassing war vum Mee 1941 u Member vun der LVL.[1]

Hie gouf de 14. Dezember 1943 verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht wou hien de 25. Februar 1944 erschoss gouf.[1]

Hie gouf posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 ausgezeechent.[2]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 [De Louis Bassing am Luxemburger Lexikon S. 35]
  2. Memorial A N°27 mat der Lëscht vun de Leit déi mat der Croix de l'ordre de la résistance 1940-1944 ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2014-09-03. Gekuckt de(n) 2013-03-10.