Loubierd
Eng Loubierd ass eng Fäsch vu Lousträifen déi mat dënnen Eechen- oder Hobichenäscht oder mat Sisalschnouer zesummegebonne gi fir se sou gutt transportéieren a lageren ze kënnen. Eng Loubierd ass entweeder een oder zwéi Meter laang, an huet en Duerchmiesser vun ongeféier 40 Zentimeter. Déi zwéi Meter laang Bierd weit ongeféier 25 Kilo[1]. Kleng Fäsche mat de Lousträife vun de Säitenäscht goufe Kaalwer genannt.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/93/Consthum_Loubierd.jpg/220px-Consthum_Loubierd.jpg)
D'Geschier, dat fir d'Banne gebraucht gëtt, ass e Loubock.