D'Lotterbad ass e fréiert Bad an der italieenescher Gemeng Ulten, an der autonomer Provënz Bozen.

Dat haitegt Gebai vum Lotterbad

D'Lotterbad läit op op enger klenger Kopp an engem Südhank deen op den Dall vun der Baach Valsura kuckt. Den ursprénglechen Numm war Innerbad a gouf schonn ëm 1697 ernimmt. Et war laang Zäit eent vun de Bieder am Val d'Ultimo dat vill Zoulaf hat. Et hat eng eegen Hauskapell, soudatt Leit déi eng länger Zäit do waren, sonndes konnten an d'Mass goen. An der Bléi vun de Bieder vum Südtiroul war et net sou staark besicht well d'Mitterbad, dat net wäit ewech ass, eng staark Konkurrenz gemaach huet. Dofir ass et och ëmmer méi en einfacht Bad bliwwen an dat haaptsächlech Leit koumen déi net zu der räicher Biergerschicht gehéiert hunn. Den haitegen Numm weist och dorophin. Et gouf nämlech ënnerscheet tëscht de Lotterbadln an den Herrenbadln. Lotterer goufen déi aarm Leit genannt.

D'Lotterbad war bis 1914 a Betrib. 1943 war eng Parti vum Haus an e Koup gefall an am Wanter 1950/1951 huet eng Lawin de Rescht ewechgerappt. 1951 am Summer gouf dat haitegt Gebai opgeriicht.

A fréieren Analyse gouf gesot, d'Waasser vum Lotterbad hätt déi selwecht Zesummesetzung wéi dat vu Mitterbad. De Volleksmond huet deem widdersprach a behaapt, d'Waasser vum Lotterbad wier besser. No den haitegen Analysen huet de Volleksmond recht behalen. D'Waasser vum Mitterbad ka wéinst engem héijen Aluminium- an Arsengehalt net gedronk ginn, am Contaire ze deem vum Lotterbad dat keen Arsen an nëmme minim Spuere vun Aluminium opweist. An der Klassifikatioun gëtt et als eisen- a liicht mineralhaltegt Waasser agereit.

D'Mineralquell vum Lotterbad entspréngt op enger Héicht vun 995 Meter, an d'Anzuchgebitt, dat an engem liichte bis mëttelgéien Norwesthank läit, geet bis op eng Héicht vun 1840 Meter erop. Mat Ausnam vun e puer Wisen, déi zu engem klengen Haff gehéieren, ass déi ganz Fläch vum Anzuchsgebitt mat Fiichte bewuess. D'Quell huet eng Temperatur vu 7,7 °C.

D'Quell ass eng vun den 30 unerkannte Mineralwaasserquellen a Südtiroul.[1]

Zesummesetzung vum Waasser änneren

Kalzium (Ca++) 19.9 mg/l
Magnesium (Mg++) 4.2 mg/l
Natrium (Na+) 4.7 mg/l
Kalium (K+) 2.5 mg/l
Hydrogencarbonat (HCO3-) 39 mg/l
Sulfat (SO4--) 48 mg/l
Fluor (F-) 0.4 mg/l
Kiselsaier (SiO2) 11.8 mg/l
Eisen (Fe++) 2.25 mg/l
Lithium (Li+) 0.0092 mg/l
Mangan (Mn++) 0.171 mg/l
Aluminium (Al+++) 0.018 mg/l
Barium (Ba) 0.0004 mg/l
Bläi (Pb) 0.0001 mg/l
Jod (I-) 0.002 mg/l
Radon 11 Bq/l

Referenzen änneren

  1. Kostbarkeiten aus felsiger Tiefe, am Mineralwasserführer Südtirols