Eng Badanstalt ass eng ëffentlech Ariichtung, wou ee sech wäschen an och schwamme kann.

Badanstalte koume virun allem ëm d'Joerhonnertwenn vum 19. zum 20. Joerhonnert op, wou engersäits d'kierperlech Hygiène eng ëmmer méi wichteg Roll gespillt huet, anerersäits a ville Stéit kee Buedzëmmer installéiert war. D'Leit hate sou d-Méiglechkeet, fir eng modest Zomm eng Buedbidde mat waarmem Waasser fir sech ze hunn.

Meeschtens war och eng Schwämm am selwechte Gebai, soudatt sech de Begrëff "Badanstalt" lues a lues op e "Gebai mat engem Schwammbaseng dran" iwwerdroen huet.

Badanstalten zu Lëtzebuerg sinn/waren ë. a.:

  • Badanstalt (Stad Lëtzebuerg);
  • Badanstalt (Bains municipaux) zu Esch-Uelzecht, zanter der Renovatioun, ëm d'Joer 2000, offiziell Les Bains du Parc
  • ...