Logne ass eng belsch Uertschaft an der Sektioun Vieuxville vun der Gemeng Ferrières an der Provënz Léck. D'Uertschaft ass haaptsächlech bekannt wéinst senger mëttelalterlecher Festung.

Logne
D'Buerg vu Logne
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Huy
Gemeng Ferrières
Koordinaten 50° 23’ 37.70’’ N
      05° 32’ 14.86’’ O
Telefonszon 086
Postcode 4190
Websäit https://www.palogne.be/

D'Duerf läit am Dall vun der Lembrée, um Fouss vum Westhank vum Fielsvispronk op deem d'Buerg steet.

Bis 1138, wéi den Abt Wibald vu Stavelot duerch Fräibréiwer a Privileger de Bau vun der Festung erméiglecht huet, huet Logne dat Duerf bezeechent dat op der Plaz vum haitege Vieuxville stoung. Den Numm selwer daucht fir d'éischt an enger Charta vun der Abtei Stavelot aus dem Joer 862 als Lomna op, wat och den éischten Numm vun der Lembrée hätt kënne gewiescht sinn. 1095 ass et Lonia an am 12. Joehonnert gëtt d'Plaz Longia genannt.

Haut besteet d'Uertschaft haaptsächlech aus e puer Haiser aus dem 18. an 19. Joerhonnert déi leider hiert fréiert Ausgesinn duerch schlecht Restauratioune verluer hunn, bis op een Haff, deem säin Daach nach mat de sougenannte Chèrbins gedeckt ass.