Lina Lippmann
D'Aline Louise "Lina" Nathan, bestuet Lippmann, gebuer de 4. Januar 1832 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen de 7. Januar 1897[2], war d'Bauhärin vum haitegen Heeschdrëffer Schlass.
Lina Lippmann | |
---|---|
Gebuertsnumm | Aline Louise Nathan |
Gebuer |
4. Januar 1832 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 7. Januar 1897 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Famill | |
Bestuet mat | Léon Lippmann |
D'Lina Nathan war d'Duechter vum Geschäftsmann Samuel Nathan an der Anne Lippmann. 1853 huet si sech mam Banquier Léon Lippmann bestuet (dem Lippmann seng éischt Fra war 1846 gestuerwen[1]). Si ass bei hien an Holland geplënnert, wou de Lippmann verschidden Eisebunnsgesellschafte gefouert huet an och nach eng Bank, d'Bank Lippmann-Rosenthal, zu Amsterdam gegrënnt hat a Generalkonsul vu Lëtzebuerg war.[3]
Nom Doud vun hirem Mann, 1883, huet si d'Schlass zu Heeschdref, dat 1645 vum Jean de Beck gebaut gi war, an dat d'Koppel 1878 kaaft hat, ofrappe gelooss fir an d'Plaz en neit Schlass fir sech opzeriichten.[3]
Dat Schlass, gebaut no de Pläng vum belschen Architekt Charles Thirion am Stil vun der franséischer Spéitrenaissance, gouf 1888 fäerdeg.[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Schlass Heeschdref an am Artikel Geschicht vum Schlass zu Heeschdref
D'Lina Lippmann-Nathan huet bis zu hirem Doud, 1897, am Schlass gewunnt.
Fir u si z'erënneren, gouf zu Heeschdref eng Strooss, d'rue Lina Lippmann, no hir genannt.[5]
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Centre culturel et d'éducation populaire de Bonnevoie: Gabriel Lippmann. Bonnevoie s.d.
- ↑ Foto vum Grafsteen um Clausener Kierfecht op Wikimedia Commons.
- ↑ 3,0 3,1 Rue Lina Lippmann, Steinsel op rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 03.09.2024).
- ↑ Langini, A., 2010. Das Heisdorfer Schloß (sic). Le château de Heisdorf. Erausgi vun der Gemeng Steesel. Broschür vu 36 S., am DIN A5-Format. Ouni ISBN.
- ↑ Adresses du Grand-duché de Luxembourg op geoportail.lu.