Liberal Democrats (Vereenegt Kinnekräich)
Logo | |
---|---|
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1988 |
Ideologie: | Liberalismus Lénksliberalismus Pro-Europäesch |
Memberen: | 61.456 (2015)[1] |
Europäesch Affiliatioun: | Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa |
Websäit: | www.libdems.org.uk |
Liberal Democrats ass den Numm vun denger politescher Partei a Groussbritannien. Si ass 1988 aus dem Zesummeschloss vun der Liberal Party mat der Social-Democratic Party (déi sech kuerz vierdru vun der Labour Party lassgesot haten) entstanen. Si vertrëtt am Allgemenge sozial-liberal a pro-europäesch Standpunkten. Traditionell geographesch Schwéierpunkte vun der Liberaldemokratescher Partei leien a Schottland an a Südwest-England.
Bei de Parlamentswalen 2010 haten d'Liberal Democrats 57 Sëtz kritt a waren domat déi drëttgréisste Partei am House of Commons. Si war doropshinn mat der Conservative Party un enger Koalitiounsregierung bedeelegt. Bei de Walen 2015 krute si awer just nach aacht Sëtz an hire Leader, den Nick Clegg, ass zeréckgetrueden.
Um Spaweck
ännerenWebsäit vun der Liberaldemokratescher Partei (en)
Commons: Liberal Democrats (UK) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ libdems.org.uk: Lib Dem Members (5. Juni 2015)