Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Leptone sinn niewent de Quarks, den Eichbosonen an dem Higgs-Boson déi elementar Bausteng vum Standardmodell vun der Elementardeelchephysik. Si ënnerleien awer am Géigesaz zu de Quarks net der staarker Wiesselwierkung, mä just der schwaacher, der elektromagnéitescher an der Gravitatioun.

Eegenschaften änneren

Leptone si Fermionen (Spin 1/2) a ginn an dräi Famillen oder Generatiounen agedeelt. All Generatioun besteet aus engem geluedene Lepton (Elektron, Muon an Tauon/Tau-Lepton) an engem neutralen, den dräi korrespondéierenden Neutrinos: Elektron-Neutrino, Muon-Neutrino an Tau-Neutrino. Wärend bei de geluedene Leptonen d'Masse bekannt sin, sinn déi definitiv Valeure fir d'Neutrinos nach onbekannt. Gewosst ass just, datt op d'mannst zwee Neutrinos eng Mass mussen hunn (Neutrinooszillation).

Lepton Mass (MeV)
Elektron 0.511
Muon 105.66
Tauon 1776.86

Wärter vun https://pdglive.lbl.gov, Stand 22.08.2020.

Als liichtste Lepton ass den Elektron stabel (den Standardmodell enthält keng Leptonzuel-verletzend Prozesser). Wéinst senger grousser Mass kann den Tau-Lepton als eenzegen an Hadronen zerfalen. De Muon ass e bësse liicht dofir, vu que datt d'Mass vun de liichtsten Hadronen, de Pionen, bei ongeféier 140 MeV läit.