Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Hadrone si komposéiert Particulen, déi aus Quarken a Gluone bestinn. Grondsätzlech ënnerscheet een tëscht Mesonen (ee Quark an een Antiquark) a Baryonen (dräi Quarken). Déi bekanntst Beispiller vu Baryonen dierften d'Nukleone sinn, also Proton an Neutron. Beispiller fir Mesone sinn déi dräi Pionen (déi liichtst Mesonen) oder Kaonen (déi liichtst Mesone mat engem Strange-Quark).

Opbau änneren

Hadrone gi vun de Mediateure vun der staarker Wiesselwierkung, de Gluonen, zesummegehalen. Komposéiert Particulë kënne sech just beim Anhale vu bestëmmte Reegelen, wéi z. B. dem Spin, bilden. Am Kontext vun den Hadronen ass do ganz besonnesch d'Faarfneutralitèit z'ernimmen. Am Standardmodell vun der Elementardeelerchersphysik gëtt tëschent dräi Faarwen ënnerscheet: Rout, gréng a blo. Dee Prozess, datt all Objet faarfneutral muss sinn, gëtt als Confinement bezeechent. Als Konsequenz vun deem Confinement kënnen eebe just déi Kombinatiounen aus Quark-Antiquark oder aus dräi Quarke gebilt ginn. Dobäi muss ee beuechten, datt deen Opbau just eng Approximatioun ass. An der Realitéit sinn ëm déi dräi Quarken (oder de Quark-Antiquark) eng Wollek vu Gluonen a weidere Quarken. Dat ass en Effekt vun der Onschäerft-Relatioun, déi et erlaabt op kuerz Zäit Particulen aus dem Vakuum ze produzéieren. An deem Kontext schwätzt ee vun den dräi Haaptquarken als Valenzquarken an den anere Quarken, déi aus dem Vakuum kommen, als Séiquarken.

Et gëtt Spekulatiounen iwwer méi komplizéiert Objeten, wéi z. B. Tetraquarken (zwéi Quarken an zwéin Antiquarken), mä den Noweis ass nach ëmstridden. Als ee vun deenen éischten huet de Robert L. Jaffe doriwwer geschriwwen (z. B. a senger Verëffentlechung Multi-Quark Hadrons. 2. Methods (1977) am Phys. Rev. D, DOI: 10.1103/PhysRevD.15.281).

Des Weideren kann een Hadronen no hirem Spin klassifizéieren. Do ënnerscheet een erëm tëschent Mesonen, déi hallefzueleg, an de Baryonen, déi ganzzueleg sinn. Den Zoustand mat dem nidderegste Spin gëtt 'Grondzoustand' genannt, an ass deen eenzegen, dee stabel ka sinn. Am Fall vum Proton wier de Proton de Grondzoustand mat Spin 1/2, wärend een den Δ+ mat Spin 3/2 als éischten ugereegten Zoustand interpretéiere kann.