Leopoldo Calvo Sotelo

spuenesche Politiker

De Leopoldo Calvo Sotelo y Bustelo, gebuer de 14. Abrëll 1926 zu Madrid, a gestuerwen den 3. Mee 2008 zu Pozuelo de Alarcón, war e spuenesche Politiker a Manager. Hie war Ministerpresident vu Spuenien tëscht dem 25. Februar 1981 an dem 28. Oktober 1982.

Leopoldo Calvo Sotelo
Gebuer 14. Abrëll 1926
Madrid
Gestuerwen 3. Mee 2008
Pozuelo de Alarcón
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Nom Doud vum Generol Franco 1975 gouf hie Minister fir Aussenhandel an der Regering van Carlos Arias Navarro. 1977-1978 war hien de Porte-parole vun der Unión de Centro Democrático (UCD) am spuenesche Parlament. Duerno gouf e Minister fir Relatioune mat der Europäescher Gemeinschaft (1978-1979) a Wirtschaftsminister a Vizepremier (1979-1980).

A seng Regierungszäit als Premierminister ass de Bäitrëtt vu Spuenien an d'NATO gefall. 1982 huet d'UCD staark bei de Walen u Stëmme verluer, de Calvo Sotelo konnt awer säi Parlamentssëtz retten. 1984 gouf e Parlamentaresche Vertrieder beim Europarot an 1986, nom Bäitrëtt vu Spuenien bei der EG, Deputéierten am Europäesche Parlament.

2002 gouf e vum Kinnek zum Marqués de la Ría de Ribadeo geadelt.

De Leopoldo Calvo Sotelo war bestuet mat der Pilar Ibáñez an hat aacht Kanner.

Um Spaweck änneren

Commons: Leopoldo Calvo-Sotelo, 1st Marquess of la Ría de Ribadeo – Biller, Videoen oder Audiodateien