Le serpent a mangé la grenouille

Le serpent a mangé la grenouille ass e Film vum Alain Guesnier aus dem Joer 1998. Et ass eng Dramacomedie.

Le serpent a mangé la grenouille
Film
Produktiounsland Frankräich
Lëtzebuerg
Spuenien
Première 12. August 1998 (FR)
Dauer 35 min.
Format 1.33:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Alain Guesnier
Dréibuch Valérie Duval, Alain Guesnier
Fotografie Pierre Novion
Musek Michel Portal
Schnëtt Jean-François Naudon
Produzent Agustín Almodóvar, René Cleitman, Nicolas Blanc, Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Agat Films & Cie (FR)
Hachette Première (FR)
El Deseo (ES)
Samsa Film (LU)[1]
Schauspiller
Jean Rochefort als Monsieur Moreau
Marisa Paredes als Madame Moreau
Alex Descas als Yves Le Guen
Ariane Ascaride als Marthe
Bernard Fresson als Maillet
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Zënter dem trageschen Doud vun hirem Jong ass d'Famill Moreau déif an Trauer. D'Madamm Moreau (Marisa Paredes) ass eng verklemmt Damm aus der Bourgeoisie, den Här Moreau (Jean Rochefort), e räichen Entreprener, geet senger Leidenschaft no, de Schlaangen, wärend seng Firma d'Baach ageet, an d'Haushälterin Marthe ass op eemol stomm ginn. Wéi den Yves Le Guen (Alex Descas), e schwaarze Mann aus der Bretagne, an d'Liewe vum Stot trëtt, gëtt hiren Alldag op d'Kopp geheit.

Filmproduktioun änneren

D'Produktioun vum Film gouf 1997 mat engem Zouschoss vum europäesche Filmfong Eurimages an Héicht vun ëmgerechent 381.123 Euro finanziell ënnerstëtzt.[1]

De spueneschen Titel vum Film ass ¡A trabajar!.

Accueil änneren

cinopsis.be:[2]

Drôle de titre pour un drôle de film. Cette comédie pince sans rire et satirique joue sur la métamorphose, voire le mimétisme d'une certaine nature humaine. [...] Le serpent a mangé la grenouille est une oeuvre ludique et surprenante. Une valse de tons où humour noir et drame se mélangent, avec pour résultat un film d'acteurs comme on aime dire.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Eurimages: Co-production funding in 1997
  2. Kritik op cinopsis.be