DTS-Tounsystem

(Virugeleet vu(n) Dts)

DTS (Dedicated To Sound) ass e Méikanal-Tounsystem vun der kalifornescher Firma Digital Theater Systems, Inc., dat souwuel am Kino wéi bei DVDen, Laserdiscen a beiD-VHS benotzt gëtt.

Dësen Tounsystem erlaabt et ënner anerem, mei einfach tëscht verschiddene Sproochen ze wiesselen, well den Toun op enger CD gespäichert gëtt an net op der Filmspull. Um Zelluloid-Film selwer geséit ee just morseänlech Punkten, déi Informatioune prett halen, fir dem PC ze soe wou de Film grad drun ass. Dee spillt dann den Toun vun der CD an.

Sou brauch ee just 1 Zelluloidfilm mat verschiddene Sprooch-CDen.

Kino-Tounsystemer