Lann vu Reiland

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Lann vu Reiland, war eng Wanterlann (Tilia cordata, (fr) tilleul à petites feuilles, (de) Winterlinde) déi zu Reiland an der Gemeng Hiefenech stoung an déi wéinst hirem Alter an der Plaz wou se stoung, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert huet.

Lann vu Reiland
D'Lann (2013)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Klasséiert Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hiefenech
Plaz Reiland
Koordinaten 49°45'12,28"N, 6°15'32,54"O
Bamaart Wanterlann
Geschaten Alter 240 Joer
Status Klasséiert Monument
Héicht 15 m (2002)
Duerchmiesser 1,49 m (2002)
Ëmfang 4,68 m (2002)
Zerstéiert Oktober 2018
Lann vu Reiland (Lëtzebuerg)
Lann vu Reiland
Lann vu Reiland
Lag vum bemierkenswäerte Bam

Lokalisatioun änneren

De Bam stoung zu Reiland Am Duerf, op der Kräizung mam Maassewee, direkt widder der Woneschkapell.

Geschicht änneren

De Bam huet en direkte Bezuch zur Kapell nieft där e stoung. Enger historescher Quell no[1] wier d'Lann 1669 geplanzt ginn, wéi d'Kapell no enger schroer Pescht-Epidemie gebaut gouf.

Enger anerer Quell no wier d'Lann eréischt knapp 100 Joer méi spéit, am Joer 1760 vun der Barbara Sadler vum Schléiwenhaff nieft d'Haffkapell geplanzt ginn, wéi déi a Wonesch mam Nikolaus Stirn bestuet gouf. Dësen Datum gëtt vun den Experten als méi probabel ugeholl.

D'Lann hat deemno en Alter vu knapp 260 Joer, ma dat huet näischt gedéngt, se ass ëm den 20. Oktober 2018 - ouni Geneemegung - am Kader vu Stroossenaarbechten ewechgerappt ginn[2].

Entwécklung änneren

2004 ass d'Lann bei engem Stuerm schro beschiedegt ginn, sou datt d'Haaptäscht hu missen ewechgeholl ginn. Si ass dono awer nees ausgeschloen an hat zulescht eng Kroun vun enger Héicht vu ronn 5 Meter[2].

D'Lann stoung zënter dem 29. Mäerz 1974 um Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter[3].

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [4]    
1907 4,00 1,27
1958 4,80 1,53
1980 5,10 1,62 19,00
2000 4,68 1,49 15,00

  = Ëmfang;   = Duerchmiesser;   = Héicht

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Literatur / Quell änneren

  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 118-119, Foto an Text)
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 82-83, Foto an Text)

Referenzen änneren

  1. déi awer an Les arbres remarquables 2002 net ernimmt ass
  2. 2,0 2,1 "Lieserbréif vum Georges Bechet: D'Lann vu Reiland - e Monument National ass ewechgerappt ginn ewéi Onkraut!" rtl.lu, 29.10.2018, 10:26:30.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  4. op Broschthéicht gemooss