Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Landschaftsplanung ass e Planungsinstrument dat d'Bedierfnesser vum Mënsch an déi vun der Natur kombinéiert. Grondsätz an der Landschaftsplanung sinn eng nohalteg Entwécklung vun der Natur an de Landschaften, an ekologesch wei och ekonomesch Interessien ze garantéieren.

Bei der Planifikatioun vun der Landschaft ass d'Natur abegraff, gläichzäiteg ginn och Dierfer, Siidlungen, Stied, Industriezonen asw. am Kader vum Urbanismus dozougezielt.

Dat Planungsinstrument geet iwwer den Naturschutz eraus, a versicht och déi mënschlech Bedierfnesser un d'Natur z'erfëllen. Sou gëtt d'Natur geschützt, gefleegt a forméiert, fir datt zum engen, den Naturhaushalt erhale bleift, awer och, op der anerer Säit, dem Mënsch eng optimal Erhuelungsméiglechkeet gebuede gëtt.

Duerch Abanne vun der Landschaftsplanung an d'Planung vun engem Gebitt, ass et méiglech ëmweltschounend Projeten op d'Been ze stellen, déi souwuel d'Wirtschaft wéi och d'Natur vun deem Gebitt fërderen.

D'Resultater, vun der Planung vun engem Gebitt, gi mat Kaarten an Texter duergestallt, an a Form vun engem Amenagementsplang konsolidéiert.

An Europa änneren

An Europa, geet d'Geschicht vun der Landschaftsplanung zeréck bis bei d'Aarbechte vum Schrëftsteller, Architekt an Ingenieur Vitruvius (80-70 v. Chr.- 15 n. Chr.). Hien huet iwwer d'Planifikatioun vun enger Stad geschriwwen an huet dobäi d'Microklima, d'Planung vun de Stroossen an d'Roll vun der Metapher am Design mat abezunn. Seng Theorië sinn och nees wärend der Renaissance opgedaucht an hunn d'Planifikation vu Stied an Europa an Amerika beaflosst. Duerno koum d'Iddi vu Stadplaze fir Mäert op, déi an Nordeuropa weidergeduecht ginn ass, an sech doraus d'Iddi entwéckelt huet, datt residentiell Fräiraumplaze geplangt solle ginn. Déi éischt Plaz an dëser Form déi ugeluecht gouf ass Place des Vosges zu Paräis. An Groussbritannien sinn dunn och Fräiraim geplangt ginn, déi awer als ëffentlech Parken an enger Stad weiderentwéckelt goufen.

An Asien änneren

An Indien, kann d'Geschicht vun der Landschaftsplanung bis bei d'Vedas an d'Vaastu-Shastra zeréckverfollegt ginn. An dësen asiateschen Texter si schonn Prinzipie fir d'Planifikatioun vun enger Usiidlung, Tempelen an anere Bauten déi an der Relatioun zu der natierlecher Landschaft stoungen, festgeluecht ginn. Relatiounen zu de Bierger (Heemecht vun de Gëtter) an zu de Flëss (als Gëttinen ugesinn) ware vu gréisster Wichtegkeet.

A China, huet Landschaftsplanung seng Originnen am Feng Shui, wat iwwersat "Wand a Waasser" bedeit, a gëtt gebraucht als Planungsprinzip a Relatioun mat der natierlecher Landschaft. D'Zil war fir dat méiglecht gënschtegst Ëmfeld ze fannen, dat a kompletter Harmonie mat der Natur stoung an dat déi physikalesch a psychologesch Bedierfnesser vum Mënsch erfëlle konnt.[1]

An Amerika änneren

D'Landschaftsarchitekten an der U.S.A. sinn aktiv an der Landschaftsplanung täteg. Mä anescht wéi Europa huet U.S.A. keen nationale System vun der Buedemnotzung. Als bekanntste Landschaftsarchitekte sinn ze nennen: de Frederick Law Olmsted an den Ian McHarg. Dem McHarg seng Aarbecht huet Grondstee geluecht bei der Entwécklung vum Geo-Informatiounssystem (GIS) dat an der Landschaftsplanung e grousst Hëllefsinstrument ass.

Landschaftsplanung als Studium a Beruff änneren

Fir als Landschaftsplaner ze schaffen as ee Studium op enger Universitéit oder op enger Fachhéichschoul Viraussetzung. Bei dësem interdisziplinärem Studium gëtt et nieft naturwëssenschaftlechen (virun allem ekologeschen) a kënschtleresch - gestalteresch, sozialwëssenschaftlech, geeschtlechwëssenschaftlech, och ingenieur- a planungswëssenschaftlech Fächer. De Studiengang Landschaftsplanung mécht et méiglech haaptsächlech an der Administratioun awer och a private Planungsbüroen oder Naturschutzverbänn am Beräich Naturschutz a Landschaftsplanung ze schaffen. Weider Beruffsfelder sinn Entwécklungshëllef, Fräiraumplanung an Ëmweltbildung

Gesetzlech Grondlagen änneren

Lëtzebuerg änneren

D'Aarbechtsfeld Landschaftsplanung ass haaptsächlech als Hëllefsinstrument beim Aménagement du territoire, am Plan d'Aménagement Général (PAG), am Plan d'Aménagement Particulier (PAP) souwéi am Integrative Verkéiers- a Landesentwécklungskonzept fir Lëtzebuerg (IVL) ze gesinn. Eng wichteg Roll kritt d'Landschaftsplanung am IVL, wou Se Konzepter fir raumbedéitend Aussoen zur Siidlungs-, Verkéiers- a Fräiraumentwécklung ausschafft an och als ee Beroder a Préifer bei Fachfroen zur Säit steet. Gréisser Projeten déi an de Gemenge geplangt ginn, musse vun engem Ingenieur Urbanist oder vun enger Persoun aus deem Fachberäich, gepréift ginn.

Däitschland änneren

D'Landschaftsplanung huet an Däitschland d'Aufgab, déi an den Naturschutzgesetzer vum Bund (Bundesnaturschutzgesetz|BNatSchG) a vun de Länner (Landesnaturschutzgesetzer) formuléiert Ziler a Grondsätz vum Naturschutz an der Landschaftspflege, fir dat jeeweilegt Land (Landschaftsprogramm), déi jeeweileg Regioun/Landkrees (Landschaftsrahmeplang), déi jeeweileg Gemeng (Landschaftsplang), an a eenzelen däitsche Länner och fir Deeler vu Gemengen (Grünordnungsplan) ze konkreetiséieren.

Éisträich änneren

An Éisträich gëtt et keng explizit verfassungsrechtlech Ofsécherung vun der Landschaftsplanung. D'Interessie vun der Landschaftsplanung gehéieren zu den Aufgabeberäicher vun de Länner, eng administrativ Zouweisung an eng finanziell Ofsécherung ass net virginn.

Am Wesentleche gëtt de rechtleche Kader vun der Landschaftplanung a fënnef Gesetzestexter festgeschriwwen. Dozou zielt "Umweltfassungsgesetz" an dem déi eicht Kapitelen (§ 1 und 2) Aussoen iwwer d'Zoustännegkeet an d'Zieler maachen. Weiderhi konkreetiséieren d'"Raumordnungsgestz", d'"Naturschutzgesetz", an d'"Nationalparkgestz" déi gesetzlech Grondlag. Iwwer de Landesgesetzer steet d'"Umweltverträglichkeitsprüfungsgesetz", dat vum Bund ausgeschafft gëtt, an och déi vun der Europäescher Unioun ausgeschaffte Richtlinnen.

Schwäiz änneren

D'Landschaftsplanung ass an der Schwäiz Aufgab vun de Kantonen a gëtt am Abschnitt véier (Ëmwelt- a Raumplanung)vun der Bundesverfassung beschriwwen. De Bund schafft un dësem Fall d'Rahmebedingungen aus, all weider Aktioune gi vun de Kantonen aus. Den Natur- an Ëmweltschutz an der Schwäiz un sech ass Aufgab vum Bund, d'Ëmsetzung berout op enger "Vollzugspflicht" vun de Kantonen.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Ecological design and planning George F. Thompson and Frederick R. Steiner, (Wiley, 1997)
  • Landscape planning: an introduction to theory and practice Hackett, Brian (Oriel, 1971)
  • Landscape planning and environmental impact design Tom Turner (2nd ed UCL Press, 1998)
  • Chinese Architecture Nancy Steinhardt et al. (Yale University Press and New World Press, 2002)
  • Design with nature Ian L. McHarg (Wiley, 1992)

Referenzen änneren

  1. Steinhardt, N. et al. Chinese Architecture, Yale University Press and New World Press 2002, p. 255