Lale Yavaş
(Virugeleet vu(n) Lale Yavas)
D'Lale Yavaş, gebuer 1978 zu Zürich, ass eng Schwäizer Schauspillerin mat tierkeschen Originnen.
Lale Yavaş | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lale Türkan Yavaş |
Gebuer | 1978 |
Nationalitéit | Tierkei, Schwäiz |
Educatioun | Universitéit Bern |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
D'Lale Yavaş ass d'Meedche vun tierkeschen Emigranten a si huet zu Bern op der Hochschule für Musik und Theater studéiert.
2003 krut se als bescht Nowuessschauspillerin vum Tëleesender SAT.1 den Talent Präis an der Schauspiller-Klass.
Den 18. Mäerz 2005 krut se mam Erhan Emre den Adolf-Grimme-Publikumspräis vun der Marler Gruppe fir den Zweedeeler Zeit der Wünsche vum ARD, WDR a BR.
Filmographie
änneren- 2003: Imbissness, en däitschsproochege Schwäizer Film vum Tolga Dilsiz
- 2005: Zeit der Wünsche, en Tëleesfilm vum Rolf Schübel iwwer déi éischt tierkesch Emigranten an Däitschland.
- 2005: Dunkle Wege, en Tatort-Krimi vun der Christiane Balthasar mat der Maria Furtwängler als Kommissärin Charlotte Lindholm.
- 2006: Tod eines Keilers, e Schwäizer/däitschen Tëleesfilm vum Urs Egger nom Roman Der Keiler vum Felix Mettler.
- 2006: Der Letzte Zug vum Joseph Vilsmaier iwwer d'Verschleefe vun enger jiddescher Fra an e Vernichtungslager an der Zäit vun Nazi-Däitschland.
- 2006: Deepfrozen vum Andy Bausch, an deem d'Lale Yavaş e jonkt Meedche spillt, dat an engem verschlofenen Nascht opdaucht, vum Paschtouer als Haushälterin engagéiert gëtt an déi ganz männlech Duerfwelt op d'Kopp gehäit.
- 2008: Tausend Ozeane vum Luki Frieden.