La Rioja (Wäibauregioun)

La Rioja ass eng Wäibaurgion am Norde vu Spuenien. D'Wéngerte leien an der autonomer Gemeinschaft La Rioja, dem Baskeland an Navarra. Et gëtt en ettlech Wéngerten an der Provënz Burgos déi awer keng eege Bogedas hunn.

D'Haaptandeelunge vum Wéngert entspriechen deene vun der Regioun:

  • La Rioja Alavesa, nërdlech vum Ebro an der Provënz Álava am Baskeland.
  • La Rioja Alta, südlech vun der Provënz Álava gehéiert zur Enklav vu Burgos.
Déi zwou Regioune leien op Héichten tëscht 400 a 500 Meter mat frëschen Temperaturen déi vum Atlantik beaflosst sinn, an vum Nordwand duerch d'Kantabresch Bierger geschützt ginn. Et fënnt een do Wäiner vun de beschte Qualitéiten.
  • La Rioja Baja, zu där och d'Wäibaugebidder vun Navarra gehéieren, läit am Südosten, op enger Héicht vu ronn 300 Meter. De Klima ass warem a ganz dréchen, mat méi Sonn, wat mat sech bréngt datt déi Wäiner am grousse Ganze méi en héijen Alkoholgehalt hunn.

Am Nordweste vun der Rioja sinn d'Biedem leemeg a mat Kallek an Eisen duerchsat, an an der Rioja Baja sinn et deelweis sandeg oder Alluvialbiedem.

Geschicht änneren

De Wäibau an der Géigend vun der Rioja, gouf et schonn virun der Réimerzäit. Wéi d'Réimer an den iweschten Deel vum Ebrodall koumen, hu si den Celtiberi wéi se d'Awunner aus där Géigend genannt hunn, hiert Wëssen iwwer de Wäibau, d'Kelteren an d'Behandele vum Wäin bäibruecht, an hir sougenannte pax vinicola imposéiert.

Am Ufank vum zweete Joerdausend hat de Wäin aus där Géigend eng grouss Renommée an d'Vinificatioun an d'Qualitéitskontroll gouf vu Logroño aus, op Basis vun Ordonanze streng iwwerwaacht.

D'Geschicht vun de Riojawäiner, sou wéi se haut bekannt sinn goung ëm 1860 un, wéi de Camilo Hurtado de Amézaga, Marquis de Riscal de Allegre, vun enger Rees op Bordeaux mat neien Iddien heemkoum, an haaptsächlech well hien nei Eechefässer matbruecht hat. De Marquis de Murietta, deen déi selwecht Iddien iwwer de Wäibau hat wéi hien, huet him gehollef dat neit Wëssen ëmzesetzen. Si hunn ugefaange Cabernet-Sauvignon- a Merlotsriewen unzeplanzen, an de Wäin no de Methoden aus dem Bordelais ze zillen an ze verschaffen. De Marquis de Riscal hat sech agesat datt de Provënzrot vun Álava den Oenolog Jean Pineau vu Bordeaux engagagéiert huet, fir d'Qualitéit vun de Wäiner an der Géigend ze verbesseren. D'Wäiner vun den zwéi Marquisen hate séier sou eng gutt Qualitéit erreecht, datt si déi déckst Präisser an der ganzer Géigend fir hir Wäiner kruten. Si hunn dobäi de Wënzer déi net déi selwecht finanziell Mëttelen haten, gehollef fir déi nei Riefzorten ze kafen an unzebauen. Mä schonn eleng déi nei Methoden déi gebraucht goufen, haten direkt gutt Resultater bei der traditioneller Riefzort dem Tempranillo, och wann deen net mat den neien Drauwenzorte gemëscht gouf.

Ongeféier zur selwechter Zäit hat de franséische Wäibau staark ënner dem Mieltau an der Rieflaus ze leiden. D'Händler aus der Aquitaine, a vun nach méi wäit ewech, sinn dunn d'Wäiner a Spuenien kafe komm, an de Wäinhandel stoung dunn an der Rioja a senger gréisster Bléi. Am 20. Joerhonnert hat d'Rioja den Numm fir de schéinste Wéngert vu Spuenien ze sinn.

D'Kréinung fir hir Wäiner krut d'Géigend wéi se 1991 d'Recht krut, hir Wäiner mat der Appellatioun D.O.C. z'etikettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: La Rioja (Wäibauregioun) – Biller, Videoen oder Audiodateien