Autonom Gemeinschaft La Rioja
La Rioja ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
La Rioja | ||||
| ||||
Land | ![]() | |||
Haaptstad | Logroño | |||
Offiziell Sprooch(en) | Spuenesch | |||
---|---|---|---|---|
Fläch | 5.045 km² | |||
Awunner | 308.968 2007) | |||
Bevëlkerungsdicht | 61,24 Aw. / km² | |||
Autonome Statut | 9. Juni 1982 | |||
Offizielle Feierdag | 9. Juni | |||
President | Pedro Sanz Alonso (PP) | |||
![]() Lag vu La Rioja a Spuenien | ||||
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien |
Geographie Änneren
La Rioja läit am Norde vu Spuenien a grenzt un d'autonom Gemeinschafte Kastilien-León, Baskeland, Navarra an Aragonien.
La Rioja huet eng Fläch vu 5.045 km² wat 1 % vun der Fläch vu Spuenien ass. D'Haaptstad ass Logroño.
Zwéi Flëss fléissen duerch d'Regioun, den Ebro an den Oja.
Andeelungen Änneren
La Rioja besteet aus enger Provënz mam selwechten Numm.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
La Rioja | Logroño | La Rioja | Logroño |
Geschicht Änneren
D'Regioun La Rioja ass zanter dem 9. Juni 1982 eng autonom Gemeinschaft.
Politik Änneren
De President ass den Pedro Sanz Alonso (PP). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 4 Sëtz an am Senat ass et 1 Sëtz.
Demographie Änneren
Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel op 308.968, dat sinn 0,7 % vun der spuenescher Populatioun.
Sport Änneren
Vëlo Änneren
D'Vuelta a La Rioja ass eng Etappecourse mam Vëlo, déi zu Rioja gefuer gëtt. Déi éischt Oplo vun der Course gouf tëscht dem 20 an 22. September 1957 disputéiert a vum Spuenier Alberto Sant gewonnen. Zanter 2005 gehéiert dës Course zum UCI Europe Tour an ass zanterhier an der Klass 2.1 agestuuft.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: La Rioja (Spain) – Biller, Videoen oder Audiodateien |