La Belle Pierre

monumental Maark
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Belle Pierre ass eng monumental Grenzmaark op der N421 (Chaussée de Liège). Se steet op der Bréckemauer vum Ruisseau du Bois l'Evêque, engem Niewefloss vun der Magne, op der Grenz vun de Gemenge Soumagne an Herve.

La Belle Pierre
Typ Maark
Land Belsch
Gemeng Soumagne, Herve
Koordinaten 50°37'1,78"N, 5°45'52,82"O
Opgeriicht 1787

D'Monument besteet aus engem sculptéierte Steeblock aus gro-bloem Steen, dee vill am Pays de Herve gebraucht gëtt. Déi am grousse Ganze poléiert Fläche si plazeweis geriffelt. Um Sockel ass d'Joreszuel « 1787 » erausgemeesselt. An der Cartouche sinn op der rietser Säit nach Spuere vum Wope vum Prënzbistum Léck ze gesinn. Vum Wope vum Keeserräich op der lénkser Säit ass näischt méi ze gesinn.

Bis zum Enn vum Ancien Régime, huet d'Maark d'Grenz tëscht dem Prënzbistum Léck am dem Herzogtum Limburg markéiert. Déi aktuell Strooss war deemools ee vun de Weeër déi Léck mat Ooche verbonnen hunn.