Fédération aéronautique luxembourgeoise
D'Lëtzebuerger Loftfaartfederatioun, offiziell Fédération aéronautique luxembourgeoise, gekierzt FAL, ass den nationale Verband vun de Sportsveräiner aus der Loftfaart zu Lëtzebuerg.
Fédération aéronautique luxembourgeoise | |
---|---|
Ofkierzung | FAL |
Grënnungsdatum | 28. November 1909 |
Sëtz |
3, route d'Arlon L-8009 Stroossen |
President | Frank Engel |
Generalsekretär | Jean-Claude Weber |
Tresorier | Jang Lorang |
Member vu(n) | COSL, FAI |
Websäit | https://aeroclub.lu/ |
D'FAL ass 1909 gegrënnt an den 19. Oktober 2006 als ASBL am Handelsregëster registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL a vun der Fédération aéronautique internationale (FAI). D'Federatioun bréngt all Acteure vun der Loftfaart zu Lëtzebuerg zesummen, fir dee Secteur op nationalem an internationalem Plang ze representéieren a fir d'Aktioune vun hire Memberen ze koordinéieren an z'ënnerstëtzen.
Geschicht
ännerenD'Wuerzele vun der Federatioun ginn op d'Gebuertsstonn vum Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg zeréck, deen den 28. November 1909 gegrënnt gouf, fir am Juni 1910 d'Semaine de l'aviation de Mondorf-les-Bains z'organiséieren.[2]
Den Numm vum Club huet am Laf vun de Joren e puermol changéiert: Aéro-Club luxembourgeois, Aéro-Club du Luxembourg, Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg, Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg (Fédération aéronautique luxembourgeoise)[3]. 1988 gouf se a Fédération aéronautique luxembourgeoise, mam Zousaz a Klammeren Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg ëmgenannt. Den Zousaz gouf 2011 gestrach.
Organisatioun
ännerenPresidenten
ännerenDe President vun der FAL ass de Frank Engel.
Fréier Presidenten
änneren…
- 1963 – 1972: Joseph Beck
- 1972 – 1982: Norbert Theisen
- 1982 – 1986: Pit Thibo
- 1986 – 1991: Pit Klein
- 1991 – 2006: Jean Birgen
- 2006 – 2016: Carlo Lecuit
- zënter 2016: Frank Engel
Aeronautesche Patrimoine
änneren- Lëtzebuerger Fligermusée
Ballonfueren
änneren- Cercle luxembourgeois de l'aérostation
- Commune aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg
- Lëtzebuerger Ballons Club
Fallschiermsprangen
änneren- Cercle Para Luxembourg
Fräie Fluch
änneren- Cumulux Paragliding Club
Komplementar Loftfaartaktivitéiten
änneren- AOPA Luxembourg
- Luxembourg Approach Controllers Association
Modellfligerbau
änneren- Les aéromodélistes d'Olm
- Aéro Club Dudelange
- Modell-Club petite suisse Berdorf
- Modellfligerklub Miersch
- Aéromodèlistes Ettelbruck
- Model Flyers Luxembourg
- Modellballonen Lëtzebuerg
Microaviatioun (ULM a Motorschierm)
änneren- Aéroplume Luxembourg
- Paramoteur Club Luxembourg
Motoraviatioun
änneren- Aéro-Sport
- Avialux
- Avia-sport II
- Luxembourg Aerobatic Association
- Piper Club
- Young Pilots Luxembourg
Seegelfluch
änneren- Cercle luxembourgeois de vol à voile
- Luxembourg Aerobatic Association
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F6034 agedroen
- ↑ 5.-12. Juni 1910. Quell: Klensch, Albert, 1910. Semaine de Mondorf-les-Bains (5—12 juin 1910) - Le meeting de Mondorf-les-Bains sera un grand événement sportif - Les cinq aviateurs inscrits. L'indépendance luxembourgeoise 03.06.1910. Permalink: https://persist.lu/ark:70795/zm257q/articles/DTL44
- ↑ Extrait du procès-verbal de l'assemblée générale du 23 février 1980, (lbr.lu)
- ↑ (en)Fédération Aéronautique Luxembourgeoise - Branches. Gekuckt de(n) 2023-12-18.