Léopold-Reichling-Monument op der Aarnescht

D'Léopold-Reichling-Monument op der Aarnescht, an der Gemeng Nidderaanwen, ass e Monument zur Erënnerung un de Léopold Reichling, wéinst senge Verdéngschter ëm d'Naturschutzgebitt Aarnescht.

Léopold-Reichling-Monument op der Aarnescht
Land Lëtzebuerg
D'Léopold-Reichling-Monument beim Chalet op der Aarnescht.
D'Monument vun no gesinn.

D'Monument steet nieft dem Informatiounschalet, um Rand vun der Reserve. Et gouf am Juni 2011 ageweit.

De Kontext änneren

D'Naturschutzbegitt Aarnescht ass e Gebitt mat Hallefdréchewisen an der Gemeng Nidderaanven, dat duerch eng historesch extensiv Beweedung entstanen ass.

An de fréien 1970er Joren huet de Léopold Reichling als éischten iwwer de bemierkenswäerten Aarteräichtum, haaptsächlech vun de Planzen, op der Aarnescht publizéiert. Dës Aarbechten hunn d'Opmierksamkeet op d'Wichtegkeet vum Erhale vun dësem Site op sech gezunn. Si waren och d'Basis fir d'Realisatioun vum Dossier de classement, mat Hëllef vun deem 1988 d'Reserve offiziell duerch e Règlement ministériel geschaf gouf.

D'Monument änneren

Et besteet aus engem Steen aus dem Lëtzebuerger Sandsteen, deen zu Iernzen an der Steekaul vun der Firma Feidt erausgeholl gouf. Op der Plack um Stee steet geschriwwen:

Professer Léopold
REICHLING
1921-2009
Naturwëssenschaftler
fir seng Verdéngschter ëm d'Aarnescht

D'Monument gouf freides de 4. Juni 2011 a Presenz vum Claude Wiseler, Minister fir Nohalteg Entwécklung, ageweit.[1]

Literatur änneren

  • Broschür: Der Lehrpfad auf der Aarnescht / Le sentier de l'Aarnescht. Ëmweltministère, Gemeng Nidderaanwen, Amicale de l'Aarnescht, Mee 2003.
  • Kirpach J.-C., 1988. - La réserve naturelle de l'Aarnescht (commune de Niederanven), pelouse sèche. - Bull. Soc. Nat. luxemb. 88(1988):125-131 et cf. Corrigendum: Bull. Soc. Nat. luxemb. 89(1989):38. PDF

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Der Entdecker der "Aarnescht". Gedenkplakette für Prof. Léopold Reichling. Luxemburger Wort vum 6. Juni 2011, S. 23.