Léon Weirich

lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Politiker

De Léon Weirich, gebuer den 20. Mäerz 1878 zu Weiler zum Tuer a gestuerwen den 31. Januar 1942 zu Dachau, war e lëtzebuergesche Biergaarbechter, Gewerkschaftler a Politiker.

Léon Weirich
Gebuer 20. Mäerz 1878
Weiler zum Tuer
Gestuerwen 31. Januar 1942
KZ Dachau
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Säi Graf um Lallenger Kierfecht

De Léon Weirich ass vu Weiler op Esch-Uelzecht komm, fir do an de Minièren ze schaffen.

Hien huet sech fréi an der Gewerkschaftsbeweegung engagéiert. 1921 bis 1928 war hie President vum Gewerkschaftsverband. 1926 gouf e President vun der nei geschaafter Aarbechterkummer.

1928 gouf en als Deputéierte fir de Süden an d'Chamber gewielt, an huet d'Presidence vun der Aarbechterkummer dem B. Barbel iwwerlooss.

Kuerz duerno gouf de Léon Weirich President vun der Escher Bezierkskrankekeess, an ass dowéinst als President vum Gewerkschaftsverband zeréckgetrueden. 1935 gouf en an den Escher Gemengerot gewielt. Hie war Grënnungsmember vun der Escher Genosseschaftsdréckerei (aus där méi spéit d'Editpress ginn ass) a méi spéit Member vun hirem Verwaltungsrot.

Wéinst sengem jorelaangen Engagement war en ee vun deenen éischten, déi vun der Gestapo, nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg verhaft gouf. En ass am Januar 1942 am Konzentratiounslager Dachau un der Folleg vu Mësshandlunge gestuerwen.

1956 gouf en zum Éierebierger vun der Stad Esch ernannt, an eng Strooss déi d'Rue Clair-Chêne mat der Rue Victor-Hugo verbënnt krut den Numm Rue Léon-Weirich.

De Léon Weirich war bestuet a Papp vu 4 Kanner.