Léon Steffen

lëtzebuergesche Moler an Zeechner

De Leo ("Léon") Steffen, gebuer den 11. Oktober 1868 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 23. Mee 1920 zu Paräis, war e lëtzebuergesche Moler an Zeechner.[1]

Léon Steffen
Gebuertsnumm Leo Steffen
Gebuer 11. Oktober 1868
Lëtzebuerg
Gestuerwen 23. Mee 1920
Paräis
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Zeechner

De Léon Steffen war de Jong vum Nicolas Steffen, Chef de dépot bei der Eisebunn, an der Madeleine Hermann.[2] Hien huet op der École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis studéiert[3][4] an huet dono a Frankräich gelieft. Hien huet d'Etiennette Favot bestuet.

De Leo Steffen huet 1894 mat zwee Uelegbiller (Christ en croix a Georges de Franchard) um éischte Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg deelgeholl.[5] De Kritiker Moes huet iwwer d'Bild vun der Kräizegung geschriwwen: "ein wüstes Bild; Frauen in gesegneten Umständen sollen sich hüten, dasselbe anzuschauen!"[6] Zwee Joer méi spéit huet de Steffen um Salon de la Société des Amis des Arts de Seine et Oise zu Versailles eng Uelegmolerei an eng Fiederzeechnung ausgestallt.[7]

De Leo Steffen ass am Alter vun 52 Joer gestuerwen[8] an hie gouf um Cimetière parisien de Bagneux begruewen.

Wierker

änneren

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. "Léon Steffen", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. Gebuertsschäin Lëtzebuerg 1868, 330; "Etat-civil de Luxembourg", L'Union, 7. November 1868.
  3. "Les Beaux-Arts à l’exposition du travail", L'Indépendance luxembourgeoise, 28. August 1894.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 320.
  5. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  6. J.N. Moes, "Von der Austellung zu Luxemburg", Obermosel-Zeitung, 21. August 1894.
  7. "Luxembourg", L'Indépendance luxembourgeoise, 19. September 1896.
  8. Archives de Paris: Actes d'état civil: 13e arrondissement, Zertifikat 2034 (23. Mee 1920) a 15e arrondissement, Zertifikat 567 (11. Juni 1920).