De L'Aigle ass e Meteorit, deen de 26. Abrëll 1803 zu L'Aigle a Frankräich als Steereen, also a Brochstécker erofgefall ass. Hien ass als L6-Chondrit klassifizéiert. Seng Mass, ermëttelt aus der Zomm vun den 2.000 bis 3.000 séchergestallten Eenzelstécker, gëtt mat op d'mannst 37 kg uginn.

E Brochstéck vum L'Aigle-Meteorit am Naturhistoresche Musée Wien

De L'Aigle spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vun der Meteorittefuerschung. De Jean-Baptiste Biot vun der Académie française hat e Bericht iwwer de Fall gemaach; de Stee gouf zousätzlech vum Cheemiker Edward Charles Howard souwéi vun de Fuerscher Louis Jacques Thénard a Louis-Nicolas Vauquelin ënnersicht. Bis dohi war d'Theorie, datt Meteoritten extraterrestresch wiere vun de meeschte Wëssenschaftler, besonnesch vun der Académie française, ofgeleent ginn. Eréischt mat enger 1794 vum Ernst F. F. Chladni publizéierter wëssenschaftlecher Ohandlung iwwer Feierkugelen a Meteoren huet sech d'Thes vun enger ausserierdescher Ofstaamung vun de Meteoritten duerchgesat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren