Kiew

Haaptstad vun der Ukrain
(Virugeleet vu(n) Kyiv)
Kiew / Kyjiw / Kyiv
Киев / Київ
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Ukrain
Verwaltungseenheet: Oblast Kiew
Gegrënnt: 5. Joerhonnert
Koordinaten: 50° 27' 00" N
30° 30' 00" E
Fläch: 847,66
Awunner: 2.964.448 (01.11.2020)
Héicht: 179 m
Zäitzon: UTC+2
Buergermeeschter: Vitali Klitschko

Kiew (rus.: Киев [ˈkʲi(ɪ̯)ɪf]) oder Kyjiw (uk: Київ [ˈkɪjɪu̯]), ass d'Haaptstad vun der Ukrain an och vum Oblast Kiew. Et ass déi gréisst Stad vun der Ukrain.

D'Alstad läit op den Hiwwelen iwwer dem Floss Dnepr an déi nei Staddeeler leien op béiden Uwänner vum Floss. Kiew zielt knapp 3 Milliounen Awunner a mat senger Agglomeratioun zesummen iwwer véier Milliounen. Wéinst hirer geschichtlecher a kultureller Roll gëtt se als Mamm vun alle russesche Stied a wéinst senge ville Kierchen a Kléischter als Jerusalem vum Oste bezeechent.

Schreifweis änneren

D'Schreifweis vun der Stad Kiew am kyrilleschen Alphabet ass op Ukrainesch „Київ“ an op Russesch „Киев“. Am Lëtzebuergeschen an am Däitschen hat sech d'Schreifweis "Kiew", als Resultat vun enger Transkriptioun vun der russescher Schreifweis an d'laténgescht Alphabet, duerchgesat.

Obwuel d'Ukrain, am Kader vun hirer Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun, den 1995 Numm op Kyiv geännert huet, hu sech däitsch Noriichtenagencen nach am Joer 2014 drop gëeenegt, weiderhin den Numm "Kiew" ze benotzen.

Mat Bezuch op de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain uganks 2022, hunn eng Rëtsch Medien ugefaangen, déi däitsch / lëtzebuergesch Transkriptioun "Kyjiw" vun der ukrainescher Schreifweis ze benotzen.

Geschicht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kiew am Zweete Weltkrich änneren

Aus dem Zweete Weltkrich bleift Kiew besonnesch an Erënnerung wéinst dem Massaker vu ronn 35.000 Judden an der Griecht vu Babyn Jar.

Kuckeswäertes änneren

 
Méchelskierch zu Kiew

Ekonomie an Infrastruktur änneren

Kiew ass e wirtschaftlechten Zentrum (Stolindustrie, Maschinnebau, Fligerbau, Chimiesindustrie, etc.), Unzéiungspunkt fir den Tourismus an nieft Lwiw an Odessa kulturelle Mëttelpunkt vum Land. Wéinst senge ville Kierchen a Kléischter a senger Bedeitung fir déi orthodox Chrëschte gëtt Kiew zanter dem Mëttelalter als „Jerusalem vum Osten“ bezeechent. Déi ukrainesch Haaptstad ass awer och fir Zuch- a Fluchlinnen eng vun de wichtegste Verkéiersdréischeiwe vun Osteuropa an huet en Hafen um Dnepr.

Bekannt Kiewer änneren

Literatur änneren

  • Britta Wollenweber a Peter Franke: Kiew - Stadt der Goldenen Kuppeln am Dnjepr. Ein Reiseführer mit Hintergrund, Berlin, Wostok Verlag, 2004.

Um Spaweck änneren

Commons: Kiew – Biller, Videoen oder Audiodateien