Krzysztof Penderecki

polnesche Komponist

De Krzysztof Eugeniusz Penderecki, gebuer den 23. November 1933 zu Dębica, a Polen, a gestuerwen den 29. Mäerz 2020 zu Krakau, war e polnesche Komponist vun zäitgenëssescher Musek.

Krzysztof Penderecki
Gebuertsnumm Krzysztof Eugeniusz Penderecki
Gebuer 23. November 1933
Dębica
Gestuerwen 29. Mäerz 2020
Krakau
Nationalitéit Polen
Educatioun Jagiellonen-Universitéit
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Pedagog, Musikolog, Musekspedagog, Violonist
Member vun Akademie der Künste der DDR, Akademie der Künste Berlin, American Academy of Arts and Letters, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Polska Akademia Umiejętności, Bayerische Akademie der Schönen Künste

Säi Wierk gëtt zu der postserieller Musek gezielt. Hien ass bekannt fir seng Klangkompositiounen an hie gëllt als ee vun de bekanntste Komponiste vun der polnescher Avantgarde.

Liewen änneren

De Penderecki huet op der Musekakademie Krakau beim Artur Malawski a Stanisław Skołyszewski, sou wéi privat beim Franciszek Skołyszewski Kompositioun studéiert; donieft huet hien op der Universitéit Krakau Philosophie, Konscht- a Literaturgeschicht studéiert. 1958 huet hie seng Studie mat engem Diplom ofgeschloss a gouf Professer fir Kompositioun op der Musekakademie Krakau. Vun 1972 bis 1987 war hien do de Rektor.

Tëscht 1966 an 1968 war hien donieft Dozent op der Folkwang-Hochschule zu Essen.

Wierk änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Hien huet Wierker fir Orchester, Soloinstrument an Orchester, Orchester an Tounband, Piano, Chéier, ë. a. och am Beräich Oper a Kammermusek, geschriwwen.

Och a verschiddene Filmer koume seng Kompositiounen zum Asaz, wéi z. B. dem Stanley Kubrick sengem The Shining.

Discographie (Auswiel) änneren

  • Seven Gates of JerusalemSymphony No. 7 for five soloists, speaker, three mixed choirs and orchestra
  • ThrenosDen Opfern von Hiroshima – („Music from Six Continents“), mam Polish Radio National Symphony Orchestra ënner der Leedung vum Szymon Kawalla.
  • Strophen fir Sopran, geschwate Stëmm an zéng Instrumenter iwwer Originaltexter vum Menander, Sophokles, Jesaja, Jeremia an Omar El-Khayám (1959) mam Amadeus Chamber Orchestra Poznań uënner der Leedung vun der Agnieszka Duczmal mat der Olga Szwajgier, Sopran.
  • Konzert für Violine und Orchester Nr. 2 „Metamorphosen“ Anne-Sophie Mutter, London Symphony Orchestra, Krzystof Penderecki bei DGG

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Krzysztof Penderecki – Biller, Videoen oder Audiodateien