Kropemann
Waassergeescht vun der Atert
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Legend vum Kropemann. Fir de Film vun 2016, kuckt wgl. Kropemann (Film). |
De Kropemann, e Waassergeescht vun der Atert, ass d'Symbolfigur vun der Gemeng Réiden op der Atert.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/15/Kropemannsprangbur.jpg/400px-Kropemannsprangbur.jpg)
Waassergeeschter
ännerenDe lëtzebuergesche Kropemann
ännerenD'Figur vum Kropemann gouf benotzt, fir de Kanner Angscht viru potentielle Geforen, wéi net protegéiert Weieren, Waasserleef oder Pëtzer der kënne sinn, ze maachen, a se sou dovun ewech ze halen[1].
An dës Kategorie fält z. B. dem Willy Goergen säi Gedicht "De Kropemann" (Text an déi haiteg Orthographie iwwerdroen):
- Am Pëtz do sëtzt de Kropemann.
- Wat mécht hien an deem Waasser dran?
- E lauert mat der Kropestaang
- Bis datt en d'Këndche - jupps - gefaang'.
- Wat wëll e mat deem Këndchen man?
- E späert et a säi Keller an,
- Do ass et däischter, kal an naass.
- D'léift Këndche géng 'rëm gär op d'Gaass,
- Mee 't kann och jäize, jéim're, klo'n:
- t'dëerf nët méi bei séng Mamma go'n.
- Duerfir méng hierzeg Zockergrëtz,
- bleif schéin ewech vum déiwe Pëtz.
- A kuck dach nëmmen nët méi dran,
- Soss kënnt deen uerge Kropemann.
- E kroopt dech an d'Zéif -
- Komm huerteg, méng Spréif!
Soss
änneren"Kropemann" ass ee vun deene sëllege Pseudonymer, mat deenen d'Auteure vun der satirescher Wochenzeitung Den Neie Feierkrop hir Artikelen ënnerschreiwen. 2016 koum e Film vum Patrick Ernzer mam Titel Kropemann an de Kino. Kropemann-Info ass e Périodique vun der Gemeng Réiden op der Atert.
Um Spaweck
änneren- kropemann.lu E Lëtzebuerger Film ronderëm de Kropemann.