Manifest vun der Kommunistescher Partei

(Virugeleet vu(n) Kommunistescht Manifest)

D'Manifest vun der Kommunistescher Partei (Original: Manifest der Kommunistischen Partei, och Das Kommunistische Manifest genannt, gouf vum Karl Marx a vum Friedrich Engels[1] Enn 1847/uganks 1848 op Commande vum Bund der Kommunisten geschriwwen. Et koum den 21. Februar 1848 zu London eraus, kuerz virun der Februarrevolutioun 1848 a Frankräich a virun der Mäerzrevolutioun am Däitsche Bond (dorënner an Éisträich an a Preisen).

Titel vun der éischter Editioun vum Manifest der Kommunistischen Partei. („Bu23“)

D'Manifest vun der Kommunistescher Partei gouf a méi wéi 100 Sproochen iwwersat, dorënner och op Lëtzebuergesch[2]. Am Juni 2013 gouf et an d'Weltdokumentenierfschaft vun der UNESCO opgeholl.[3]

Am Manifest entwéckelen de Marx an den Engels grouss Deeler vun hirer Ideologie, déi spéiderhin als "Marxismus" bezeechent gëtt. Den Ufankssaz "Ein Gespenst geht um in Europa – das Gespenst des Kommunismus" grad wéi och den Appel um Schluss: "Proletarier aller Länder, vereinigt euch!" si weltwäit bekannt

D'Manifest besteet aus enger Aleedung a 4 Kapitelen: "Bourgeois und Proletarier", "Proletarier und Kommunisten", "Sozialistische und kommunistische Literatur" a "Stellung der Kommunisten zu den verschiedenen oppositionellen Parteien".

Literatur änneren

  • Bert Andréas: Le Manifeste Communiste de Marx et Engels. Histoire et bibliographie 1818-1918. Feltrinelli, Milano 1963.
  • Wolfgang Meiser: Das "Manifest der Kommunistischen Partei" vom Februar 1848. Neue Forschungsergebnisse zur Druckgeschichte und Überlieferung. In: Marx-Engels-Jahrbuch 13. Dietz Verlag, Berlin 1991 S.117-129.
  • Wolfgang Meiser: "Das Manifest der Kommunistischen Partei vom Februar 1848: Zur Entstehung und Überlieferung der ersten Ausgaben". In: MEGA-Studien 1996/1, S. 66-107.
  • Wolfgang Meiser: Vorbereitungsarbeiten am Textkomplex "Manifest der Kommunistischen Partei" für die MEGA. In: Beiträge zur Marx-Engels-Forschung 22, Berlin 1987, S. 117-127.
  • Philipp Erbentraut/Torben Lütjen: Eine Welt zu gewinnen. Entstehungskontext, Wirkungsweise und Narrationsstruktur des „Kommunistischen Manifests“. In: Johanna Klatt/Robert Lorenz (Hg.): Manifeste. Geschichte und Gegenwart des politischen Appells. transcript Verlag, Bielefeld, 2011, S.73-98. ISBN 978-3837616798.

Um Spaweck änneren

Commons: Manifest der Kommunistischen Partei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Den Iring Fetscher, Editeur vun der Studienausgabe Marx-Engels, geet dovun aus, datt den Text vum Marx ass, an den Engels d'Viraarbechten derzou gemaach huet (Fischer Tb. 6061, S. 9). Aner Editeure wéi de Wolfgang Meiser oder den Thomas Kuczynski sinn awer net där Meenung.
  2. Karl Marx a Friedrich Engels: D'Manifest vun der kommunistescher Partei: Éischt Lëtzebuergesch Editioun [Iwwersat no der däitscher Editioun 1890 vum Romain Hilgert ]. Lëtzebuerg: Coopérative ouvrière de presse et d'édition, 1983. 62 S.
  3. Schrëfte vum Karl Marx: "Das Manifest der Kommunistischen Partei" (1848) an "Das Kapital", éischte Band (1867)