Koméit West
De Koméit West, no der astronomescher Nummkonventioun formal als C/1975 V1, 1976 VI an 1975n bezeechent, war e spektakuläre Koméit, dee souguer als Grousse Koméit bezeechent gouf.
C/1975 V1 West | |
---|---|
Orbittyp | laangperiodesch |
Grouss Hallefachs | 6780,207 |
Perihel | 0,197 AE |
Aphel | 13560,217 AE |
Numeresch Exzentrizitéit | 0.999 |
Perihelduerchgank | 24. Februar 1976 |
Ëmlafdauer | 558306 a |
Ëmlafvitess | ? km/s |
Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
Duerchmiesser | ? |
Entdecker Richard M. West | |
Entdeckungsdatum | 10. August 1975 |
Aner Bezeechnungen | 1976 VI, 1975n |
Hie gouf den 10. August 1975 vum Richard Martin West vum Europäesche Südobservatoire fotografesch entdeckt an huet säin Hellegkeetsmaximum am Mäerz 1976 mat bis zu -3mag an der Sonnegéigend erreecht. Wärend dëser Hellegkeet war et méiglech, hien och am Dag z'observéieren.
De Koméit West huet eng geschaten Ëmlafzäit vu 558.000 Joer.