Kolinda Grabar-Kitarović

kroatesch Politikerin

D'Kolinda Grabar-Kitarović, gebuer den 29. Abrëll 1968 zu Rijeka als Kolinda Grabar, ass eng kroatesch Politikerin an Diplomatin. Den 11. Januar 2015 gouf si zur Presidentin vun der Republik Kroatie gewielt an huet hiert Amt den 19. Februar 2015 ugetrueden. Bei de Walen 2019/2020 huet si nees kandidéiert, ma am zweeten Tour, de 5. Januar 2020, géint den Zoran Milanović verluer.

Kolinda Grabar-Kitarović
Gebuer 29. Abrëll 1968
Rijeka
Nationalitéit Kroatien
Educatioun Philosopesch Facultéit vun Zagreb,
Universitéit Zagreb,
George Washington University
Aktivitéit Diplomat, Politiker
Partei Kroatesch demokratesch Unioun
Member vun Internationalen Olympesche Kommitee
Famill
Bestuet mat Jakov Kitarović
Kanner Katarina Kitarović

Si ass Member vun der konservativ-chrëschtdemokratescher Hrvatska demokratska zajednica ("Kroatescher Demokratescher Unioun" (HDZ). Si huet eng Ausbildung als Diplomatin an huet ë. a. am kroateschen Ausseministère geschafft. 2003 gouf si an dat kroatescht Parlament, de Sabor, gewielt an doropshin zur Ministesch fir Europäesch Integratioun ernannt. Duerno gouf si Ausseministesch, a war vun 2008 bis 2011 Ambassadrice an de Vereenegte Staaten, a vun 2011 bis 2014 stellvertriedend Generalsekretärin vun der NATO.

Um Spaweck änneren

Commons: Kolinda Grabar-Kitarović – Biller, Videoen oder Audiodateien