Kokuji
Kokuji, op Japanesch 国字 kokuji oder 和製漢字 wasei kanji, si Kanji, déi a Japan no de Formprinzippie vun der chineesescher Schrëft entwéckelt goufen, awer an der Reegel nëmmen am Japanesche benotz ginn. Nëmmen a seelene Fäll gouf ee Kokuji och a China iwwerholl.
Déi follgend Tabell enthält e puer Beispiller:
Zeechen | Hiragana | Romaji | Bedeitung | Umierkungen |
---|---|---|---|---|
峠 | とうげ | tōge | Biergpass | Zesummegesat aus dem Radikal 山 (yama, „Bierg“) an de Kanji 上 (ue, „uewen“) a 下 (shita, „ënnen“). |
凧 | たこ | tako | Fluchdraach | Zesummegesat aus dem Kanji 風 (kaze, „Wand“) an dem Radikal 巾 (haba, „Duch“). |
辻 | つじ | tsuji | Kräizung | Zesummegesat aus goen an 十 (jū, „zéng“) (d'Zeeche fir d'Zuel zéng ass hei bildlech als Kräiz ze gesinn). |
杢 | もく | moku | Bauholz | Zesummegesat aus de Radikaler 木 (ki, „Holz“) a 工 (kō, „Bauaarbecht“). |