En Draach ass e Fluchgerät, dat an der Loft flitt. Et gëtt verschidde Forme vun Draachen, dorënner der mat enger, zwou, dräi oder véier Schnéier.

Zwéin Draache mat zwou Schnéier

De klasseschen Draach mat enger Schnouer kennen déi meescht aus der Kandheet, eng sougenannte Wo hält dobäi den Draach am richtege Wénkel zu der Loft. Déi mat zwou Schnéier si sougenannte Lenkdraachen: mat zéien un enger Schnouer kann ee bewierken, datt den Draach an déi Richtung geet. Bei véier Schnéier huet ee jeeweils op all Säit eng Steigschnouer an eng Bremsschnouer. Déi zwou Schnéier si jeeweils un engem Grëff festgemaach, woumat Steiere méi liicht fält. Duerch Bremsschnéier sinn déi Draache besser an der Loft a kënnen och fir nozezéie gebraucht ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Draachen – Biller, Videoen oder Audiodateien