D'Kochhaus zu Schengen ass e Gebai dat 1779 gebaut gouf an nom Verwalter vum Schengener Schlass, dem Johann Peter Koch, benannt ass. Et steet net wäit vum Schlass um Eck vun der Wäistrooss an der Strooss Beim Schlass a gouf ufanks vum Schlasshär als Haus fir seng Gäscht benotzt. Zanter dem 20. Mäerz 1967 steet et op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter ageschriwwen[1].

D'Kochhaus zu Schengen (2005)

Bis 1985 hunn nach Nokomme vum Schlassverwalter Koch dra gewunnt, 1996 koum et an de Besëtz vun der Gemeng Schengen an et gouf vun hir benotzt fir eng Ausstellung iwwer Europa dran ënnerzebréngen. Am Kochhaus krut och d'Schengen Friddensstëftung (Schengen Peace Foundation) hire Sëtz. Ausserdeem waren do och eng Rei Biller vum Matt Lamb (1932 - 2012), engem moderne Moler, ausgestallt. De Matt Lamb war Matgrënner vun der Schengen Peace Foundation, déi sech am Kochhaus néiergelooss hat.

Den 9. Mee 2015 gouf et no enger kompletter Renovéierung, déi 480.000 € kascht huet, offiziell ageweit.[2] Am Haus gëtt et elo um Rez-de-chaussée e klenge Versammlungsraum an eng Kichen, um éischte Stack si Büroen an um zweete Stack ënner dem Daachgespär ass e grousse Sall fir 80 bis 100 Persounen. Fir den Accès an d'Haus ze verbessere gouf nieft dem Haus zousätzlech en Tuerm mat enger Trap an engem Lift gebaut.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Luxemburger Wort vum 8. Mee 2015, S. 34: Vom Gästehaus zum Kongresszentrum