Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Matt Lamb, gebuer de 7. Abrëll 1932 zu Chicago, a gestuerwen den 18. Februar 2012 och do, war en US-amerikaneschen, international bekannte Moler, Sculpteur, Philosoph a Friddensaktivist.

Matt Lamb
Gebuer 7. Abrëll 1932
Chicago
Gestuerwen 18. Februar 2012
Chicago
Nationalitéit USA
Aktivitéit Moler, Kënschtler
De Matt Lamb a sengem Atelier, 2002
De Schengener Muséesdirekter Dominicus H. Rohde erkläert d'Technik vum Moler Matt Lamb

De Moler änneren

De Matt Lamb war Entreprener, ier hien de Pinsel an de Grapp geholl huet. Mat 51 Joer huet hie säi Business verkaaft an ass Moler ginn. Hien huet mat groussem Asaz a senge weltwäiten Atelieren zu Chicago, Wisconsin, Florida, Irland, Frankräich, Däitschland an Argentinie geschafft. Hien huet net nëmmen abstrakt gemoolt, mä och hallef-abstrakt a figurativ Tableauen, och wa seng abstrakt Biller hien am beschte kennzeechnen.

Seng Moltechnik änneren

De Matt Lamb zeechent sech duerch seng eegen, originell Moltechnik aus. Hie ass duerch seng modern, faarweräich, net figurativ Ueleg-Biller opgefall, déi an engem laange Prozess entstane sinn, bekannt ënner dem Ausdrock DIP. Nodeem hie seng Biller gemoolt huet, seng Kanner wéi hie sot, huet hie se dobausse méint- oder jorelaang de Laune vum Wieder ausgesat an duerno mat enger Flam vun enger Aart Léitkollef oder Flamewerfer behandelt. Doduerch krute seng Biller een eegenaartege Glanz an hu sech sech zu engem "schillernde Ganzen" transforméiert, woubäi schwaarzgemoolt Billerpartien eegewëlleg ervirtrieden.

Muséeë wou Biller vun him ausgestallt sinn änneren

  • Russesche Staatsmusée, Sankt Péitersbuerg,
  • Centre-Picasso, Horta,
  • Centre Joan Miró, Mont-Roig,
  • Westminster Kathedral, London,
  • Espace Pierre Cardin, Paräis,
  • Museo di Sant'Apollonia, Venedeg,
  • Vatican Museée fir Modern Konscht, Vatikanstad,
  • Kochhaus, Schengen,
  • De Matt Lamb huet u villen internationalen Ausstellungen deelgeholl. Am Mee-Juni 2008, war eng Ausstellung mat Biller vum Matt Lamb an der Galerie vum Croisièreschëff MS Europa.

De Friddensapostel änneren

De Matt Lamb war net nëmme Moler, mä och een onermiddleche Weltenbummler, dee mat senger Fra duerch d'Welt gezunn ass a Fridde gepriedegt huet. Hien huet Konferenze gehal, Seminairen organiséiert a huet déi verschiddenst Initiativen a sengem Asaz fir Rou a Fridden an der Welt geholl. Eng vu sengen originellsten Initiativen huet hien ënner dem Begrëff Prabbelie fir de Fridden (Umbrellas for Peace) gestart. Duerch d'Verdeele vun Zéngdausende Prabbelien u Schoulkanner an der ganzer Welt huet hien d'Jugend fir d'Erhale vum Fridden an der Welt motivéiert. De Matt Lamb ass als Matgrënner vun der Schengener Friddensstëftung och enk mat Schengen a Lëtzebuerg verbonn.

Literatur änneren

  • Speer Richard:Matt Lamb, the art of success. John Wiley & Sons, New Jersey 2005
  • Enrique Mallen, Richard Speer, Miquel Anguera i Brú, Sebastián Benedetti: Lamb encounters Miró. smkt university press, Tünsdorf 2004

Um Spaweck änneren

Commons: Matt Lamb – Biller, Videoen oder Audiodateien