Pied à coulisse
E Pied à coulisse och nach Schibleer ass en Instrument fir Längten ze moossen. De Pied à coulisse gëtt haaptsächlech am Maschinnebau gebraucht fir baussenzeg Duerchmiessere vu Maschinnendeeler (wéi z. B. Schrauwen oder Pistonen) ze moossen oder bannenzeg Duerchmiessere vu Buerungen. Normalerweis ass och nach e Miessstaf dru fir Déifte vu Buerungen ze moossen.
Eng besonnesch Zort vu Schibleer ass d'Klupp, déi an der Forstwirtschaft gebraucht gëtt fir Duerchmiessere vu Beem ze moossen.
Um Spaweck änneren
Commons: Pied à coulissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |