D'Kiewerlecken a.s.b.l. sinn eng Scoutsgrupp vu Stroossen. Si goufen 1978 gegrënnt. Se sinn un d'FNEL affiliéiert an haten 2010 ronn 150 Memberen.

Geschicht änneren

1915 gouf et zu Stroossen och schonn eng Scoutsgrupp. D'Éclaireurs de Strassen goufen 1915 vum Resistenzler Ed Hemmer gegrënnt. No 5 Joer huet sech d'Grupp awer nees opgeléist. Nom Zweete Weltkrich gouf et nach eng jett aner Initiativen, déi nach manner Erfolleg haten.

Mat der Ënnerstëtzung vun den Diables Mauves war 1978 dat richtegt Joer. Den éischte President war de Roger Gallion.

Um Spaweck änneren