Gromperekichelcher sinn en traditionelle Plat aus gerappte Gromperen an de regionale Kiche vun Zentral- an Osteuropa. Et gëtt vill Rezepter bei deenen den Haaptbestanddeel ëmmer e faserege Bräi aus geschielten a gerappte Gromperen ass; donieft kann een, ënner anerem, Eeër, Miel, Ënnen, Speck, Planzefett, Schallotten, Huewerflacken, wäisse Kéiss, Péiterséileg, Salz, Peffer, Meskot oder Mairon derbäimaachen. Obscho Gromperekichelcher eigentlech net typesch lëtzebuergesch sinn, gëlle si zu Lëtzebuerg als Spezialitéit.

Gromperekichelcher

Gromperekichelcher kënnen entweeder salzeg oder séiss, zum Beispill mat Zocker, Friichten, Kompott oder Kanéil, giess ginn. An Nord-Ost-England gëtt et e Plat mam Numm 'tattie fish ("tattie" ass d'lokalt Wuert fir Gromper, a "fish" well de Kichelchen ausgesäit wéi e frittéierte Fësch), bei deem heiansdo Tomaten oder Kéis derbäi giess ginn. Den Ënnerscheed tëscht dem Gromperekichelchen an dem Schwäizer Rösti ass datt am Rösti keng Eeër a kee Miel verschafft ginn.

International Varianten

änneren

Mat Gromperendeeg gëtt och soss uechter d'Welt gebrutscht, sief et als Galetten oder op méi speziell Aart a Weisen, z. B. als Rösti.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gromperegaletten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Gromperekichelchen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen