Kierfecht Belle-Vue

Jiddesche Kierfecht vun der Stad Lëtzebuerg


De Kierfecht Belle-Vue (offiziell Cimetière Belle-Vue) ass e jiddesche Kierfecht deen am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg läit. Et ass dee gréisste jiddesche Kierfecht vum Land an ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.

Kierfecht Belle-Vue
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lampertsbierg
Adress 10, rue des Cerisiers
Relioun Juddentum
Fläch 1,7934 ha
Koordinaten 49° 37’ 18.26’’ N
      06° 07’ 37.47’’ O
Gestioun Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg

Geschicht[1] änneren

Den 11. Mee 1883 huet déi jiddesch Communautéit den Terrain fir de Kierfecht kaaft, nodeems den ale Malakoff-Kierfecht a Clausen ze kleng gi war. Zanter dem 1. Januar 1884 gi keng Leit méi a Clausen bäigesat.

De Kierfecht ass méi spéit vergréissert ginn an zanter 1961 läit en an der Kompetenz vun der Stater Gemeng.

Geographie änneren

De Kierfecht läit am Kiischtewee (Rue des Cerisiers), um Eck mat der Rue Belle-Vue, vis-à-vis vum Arts et Métiers.

Monumenter um Kierfecht änneren

Um Kierfecht steet e Monument als Undenken un d'Märtyrer an déi Ëmgesidelt vum Zweete Weltkrich.

Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten änneren

Biller änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierfecht Belle-Vue – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Les cimetières juifs du Luxembourg. www.genami.org. Gekuckt de(n) 2021-11-06.