Kierch Schuller
D'Kierch zu Schuller ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Dippech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Schuller | |||
Par | Mess–Réibierg Sainte-Famille | |||
Dekanat | Süden-West | |||
Numm / Patréiner | Onbefleckt Empfängnis | |||
Koordinaten | 49° 34’ 54.4’’ N 05° 57’ 32’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch ass der Onbefleckter Empfängnis geweit. De Festdag ass den 8. Dezember.
Se steet an der rue de l'Église, dem CR103, net wäit vun der Kräizung mat der N5.
Den 29. September 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Schuller gehéiert ausser der Parkierch vu Schuller och nach d'Filialkierch vu Sprénkeng.
Geschicht
ännerenD'Kierch vu Schuller ass tëscht 1883 an 1885 gebaut ginn.
D'Kierchefënstere si vum Jean Zanter, dem Jong vum Gustave Zanter.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Schuller – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).