Kierch Lëtzebuerg-Rollengergronn

kathoulesch Kierch an der Gemeng Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Kierch Rollengergronn)

D'Kierch am Rollengergronn ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zur Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

Kierch vum Rollengergronn
Kierch vum Rollengergronn (2008)

Kierch vum Rollengergronn (2008)
Kierch vum Rollengergronn (2008)
Uertschaft / Plaz Rollengergronn
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Konsekratioun 1887
Koordinaten 49° 37’ 25.2’’ N
      06° 06’ 17.6’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Antonius, deem säi Fest den 13. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Rollengergronn an der Montée des Tilleuls, enger Sakgaass déi vun der Kräizung vum Reckendall, dem CR230, mat der rue de Rollingergrund, der N12, fortgeet.

D'Kierch gëtt zanter 2016 net méi vun de Katholicke gebraucht a steet zanterhier der Communautéit vun de Koptesche Chrëschten aus Eritrea zur Verfügung; si krute vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich eng autorisation de célébrer fir Rollengergrënnesch Kierch[1].

Geschicht

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Kierch am Rollengergronn gouf den 10. Oktober 1887 konsekréiert.

Zukunft vun der Rollengergrënnescher Kierch

änneren

Well d'Kierch net méi vun der kathoulescher Communautéit benotzt gëtt an d'Kierchefabrick net méi fir d'Entretienskäschten opkomme wëll, ass virgesinn datt d'Konventioun tëscht der Kierchefabrick an dem Proprietär, der Stad Lëtzebuerg, Enn 2024 net méi verlängert gëtt. D'Kierch géif dann eventuell entweit ginn[1].

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Lëtzebuerg-Rollengergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 (lb)Serie Stater Kierchen (2): D'Kierch vum Hellegen Antonius vu Padua am Rollengergronn: Desakraliséierung!. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 18.08.2023.