Koptesch Kierch

D'Koptesch Kierch ass eng chrëschtlech Kierch vun Egypten mat ongeféier zéng Millioune Memberen a 40 Diözesen. Kierchechef war zanter 1971 de Poopst Shenouda III.. Zanter 2012 ass et den Tawadros II..

Als Grënner vun der Koptescher Kierch gëtt deen als Märtyrer veréierte Johannes Markus ugesinn, dee sech der Legend no am 1. Joerhonnert zäitweis an Egypten opgehalen huet. Grouss Deeler vun der Bevëlkerung sinn am 1. an 2. Joerhonnert der Kierch bäigetratt.

D'Koptesch Kierch gebraucht zanter dem 2. Joerhonnert déi koptesch Sprooch als Sakralsprooch.

D'Mënchtum huet eng laang Traditioun a gouf duerch den Hellegen Antonius (ëm 251-356) an duerch de Pachomios (ëm 292-346) gegrënnt.

LiteraturÄnneren

  • Wolfgang Kosack, Der koptische Heiligenkalender, mat koptescher Patriarchelëscht, Christoph Brunner, Berlin 2012.
  • Wolfgang Kosack, Novum Testamentum Coptice. Neues Testament, Bohairisch, ediert von Wolfgang Kosack. Novum Testamentum, Bohairice, curavit Wolfgang Kosack. / Wolfgang Kosack. neue Ausgabe, Christoph Brunner, Basel 2014. ISBN 978-3-906206-04-2.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Koptesch Kierch – Biller, Videoen oder Audiodateien