D'Kierch vun Oberbillig ass d'Parkierch vun der Uertschaft Oberbillig.

Vue vum Duxall
D'Kierch vun Uewerbëlleg

Geschichtleches änneren

Zanter dem 12. Joerhonnert war Oberbillig mat Waasserbëlleg zesummen eng Par, woubäi Oberbillig keng eege Kierch hat. Matzen am Duerf, an der haiteger Kapellenstraße, stoung eng kleng Kapell bei där bei spezielle Geleeënheete gebiet gouf. Déi Kapell gouf 1712 vum Bëschof provisoresch zougemaacht, well keng Suen do ware fir se ze renovéieren. Mat Hëllef vu private Spende goufen 100 Daler gesammelt, déi et erlaabt hunn, 1713 d'Kapell z'erneieren.

1821 huet Oberbillig sech vu Waasserbëlleg lassgesot a gouf eng eegestänneg Parfilial, déi vu Langsur a vu Waasserbëlleg aus verwalt gouf. 1864 gouf ugefaangen, eng eege Parkierch ze bauen. Et gouf eng Sallkierch am neoromantesche Stil, mat Chouer a Schëff. De 25. Februar 1867 konnt de Paschtouer Schumacher vu Waasserbëlleg do déi éischt Mass halen. Duerch eng Decisioun vum Bëschof Mathias Eberhard gouf Oberbillig 1871 eng eege Par, an déi nei Parkierch gouf, genee wéi déi vireg Kapell der helleger Bäerbel geweit.

1891 huet den Entreprener Steinmetz vu Wasserliesch d'Gebai ausgebaut an 1893 koum de Kierchtuerm drop. Eréischt 1893 krut d'Par mam Johann Peter Reinert hiren éischte Paschtouer. 1901 an 1902 krut d'Kierch en Duxall an e Klackentuerm mat dräi Klacken, vun deene se déi gréisst am Éischte Weltkrich hu missen hiergi fir d'Waffeproduktioun. 1919 goufen an der Klackegéisserei Mabilon zu Saarburg zwou nei Klacke gegoss, woubäi déi zwou al ageschmolt goufen. 1934 gouf den haitegen Holzdunneplafong agezunn.

Am Zweete Weltkrich huet erëm déi gréisst Klack musse fir déi däitsch Krichsindustrie opkommen. De Krich huet d'Kierch deelweis zerstéiert. Sou gouf d'Spëtzt vum Kierchtuerm erofgeschoss an den Daach an d'Maueren uerg beschiedegt. Nom Krich hunn d'Leit vum Duerf selwer d'Kierch nei opgebaut. 1951 houngen och erëm all Klacken am Tuerm.

Déi aktuell Kierchefënsteren am Chouer representéieren d'Kräizegung vu Jesus. Déi an der Nordsäit weisen d'Mariä Verkënnegung, d'Mariä Heimsuchung, d'Gebuert an de Jesus am Tempel. Déi an der Südsäit representéieren d'Operstéiung, de Jesus erschéngt der Maria an de Jünger, Päischten, Mariä Himmelfaart an d'Kréinung vu Maria.

Bemierkenswäertes änneren

Nieft dem Tuermportal ass um Giewel en neogotescht Kruzifix aus Sandsteen agebaut. Et ass reng verschafft an ëmgi vun enger Bordür a Form vu Kléiblieder mat enger Krabbendekoratioun. Spezialisten huelen un datt et aus dem 17. Joerhonnert ass.

D'Paschtéier vun der Par Oberbillig änneren

  • Johann Peter Reiner 1893-1899
  • Matthias Käs 1899-1900
  • Friedrich Luswig Loosen 1900-1904
  • Johann Hoffmann 1905-1917
  • Johann Baptist Embser 1922-1946
  • Wilhelm Graef 1946-1955
  • August Muth (Parverwalter vu Wasserliesch) 1955-1958
  • Karl Schütz 1958-1968