Kierch Nidderkolpech
D'Kierch zu Nidderkolpech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Ell gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Nidderkolpech (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Nidderkolpech | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Andreas | |||
Baujoer | 1733 | |||
Koordinaten | 49° 45’ 29.1’’ N 05° 49’ 29.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.
Se steet an der Kierchestrooss, enger klenger Säitestrooss vum CR303. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Kolpech huet ausser der Parkierch vun Nidderkolpech och nach d'Kapell vu Kleng Elchert gehéiert.
Geschicht
ännerenWéi um Schlosssteen iwwer der Aganksdier uginn, staamt d'Kierch vu 1733. Um rietse Säitenaltor ass d'Joer 1712 uginn. D'Kierch war vum Émile Mayrisch bannendra ganz bemole gelooss ginn, mä dës Freske goufe spéider nees iwwerstrach.
D'Kierch vun Nidderkolpech gouf de 5. Juli 1991 inklusiv dem Parvis an dem Kierfecht op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument opgeholl. De barocke Mobiliar vun der Kierch gouf schonn de 26. Juli 1990 ënner Denkmalschutz gesat.[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Nidderkolpech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Groussbus, Osper
- D'Fënstere vun der Kierch vun Nidderkolpech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch aus westlecher Richtung gesinn
-
Portal vun der Kierch
-
Agank vun der Sakristei
-
De Banneraum vun der Kierch
-
De Priedegtstull
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).