Kierch Miedernach
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch vu Miedernach 2016 | ||||
Uertschaft / Plaz | Miedernach | |||
Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péiter a Paul | |||
Koordinaten | 49° 48’ 34.1’’ N 06° 13’ 05.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Miedernach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.
D'Patréiner sinn déi helleg Péiter a Paul,[1] als Niewepatréiner figuréiert den hellegen Haupert.
Zur fréierer Par Miedernach hunn ausser der Parkierch vu Miedernach och nach d'Filialkierch vun Iermsdref an d'Kapell vu Suewelbuer gehéiert.
GeschichtÄnneren
D'Kierch gouf 1805[2] an neo-romanescher Architektur zu Miedernach gebaut.
Vun historeschem Intressi ass virun allem den Altor aus dem Joer 1712, deen aus der fréierer Franziskanerkierch vun Dikrech hierkoum. Dës gëtt et haut net méi, si stoung op der Kluuschter-Plaz. Och de Buffet vun der Uergel, déi 2004 nei agebaut gouf, ass aus der selwechter Kierch.[3]
De 7. Mee 2004 gouf d'Kierch mat dem historesche Mobiliar op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[4]
MobiliarÄnneren
GalerieÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Kierch Miedernach – Biller, Videoen oder Audiodateien |