Kierch Klengbetten

kathoulesch Kierch an der Gemeng Stengefort

D'Kierch vu Klengbetten ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Stengefort gehéiert.

Kierch vu Klengbetten

Uertschaft / Plaz Klengbetten
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Cyriakus
Architekt(en) P. M. Siegen
Koordinaten 49° 38’ 45.8’’ N
      05° 54’ 55.2’’ O

Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Cyriakus, deem säi Fest den 8. August gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft un der Kräizung vun der rue de Sterpenich mat der rue de la Gare respektiv rue de Hagen, dem CR106 resp. CR110.

Zur fréierer Par Hoen gehéiert ausser der Filialkierch vu Klengbetten och nach d'Parkierch vun Hoen.

Geschicht

änneren

Klengbetten war bis zum Joer 1774 eng Filial vun der Par Sterpenech. Vun 1841 u gehéiert Klengbetten zur Par Hoen. D'Kierch gouf am Joer 1878 gebaut an huet eng Kapell ersat déi ze kleng ginn ass. 1896 ass se ëmgebaut an am Joer 1904 eng Sakristei ugebaut ginn.

Den Altor

änneren

An der Kierch steet en neobarocken Haaptaltor.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien