Nikloskierch zu Housen
(Virugeleet vu(n) Kierch Housen)
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Housen | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Niklos | |||
Koordinaten | 50° 00’ 57.8’’ N 06° 05’ 28.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vun Housen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Haaptstrooss, der N7, nieft dem Gemengenhaus.
Zur fréierer Par Housen hunn ausser der Parkierch vun Housen och nach d'Kapell zu Housen an d'Filialkierch zu Duerscht gehéiert.
GeschichtÄnneren
D'Kierch gouf am Joer 1748 ënner dem Paschtouer Mathias Feyder gebaut. Vum 16. op de 17. Dezember 1944 ass se verbrannt, gouf awer nees an d'Rei gesat.
KlackenÄnneren
Am Kierchtuerm hänken 3 Klacken déi an den Téin es', f', g' lauden.
FënsterenÄnneren
D'Fënstere sinn e Wierk vum Glaskënschtler Gustave Zanter aus dem Joer 1956.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Nikloskierch zu Housen – Biller, Videoen oder Audiodateien |