Andreaskierch zu Holzem

(Virugeleet vu(n) Kierch Holzem)

D'Kierch vun Holzem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Mamer gehéiert.

Kierch vun Holzem

Uertschaft / Plaz Holzem
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Architekt(en) Pierre Reuter
Baujoer 1570
Koordinaten 49° 36’ 57.6’’ N
      05° 59’ 26.5’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellegen Andreas, deem säi Fest dden 30. November gefeiert gëtt.

Si steet zentral an der Uertschaft an der Kierchestrooss, net wäit vun der Kräizung mat der Schoulstrooss.

Geschicht änneren

Déi Holzemer Kierch ass am Joer 1570 gebaut ginn. Se ass an de Joren 1842, 1865 an 1951 ëmgebaut a renovéiert ginn.[1]

Holzem ass 1570 als Filial vun der Par Mamer ernimmt ginn. 1804 ass Holzem eng eegestänneg Par ginn. Vun 2002 bis 2017 huet d'Par Holzem zum Parverband Mamerdall gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Andreaskierch zu Holzem – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Den Agank vun der Holzemer Kierch

Referenzen änneren

  1. Kanton Capellen, 2003, Saint Paul, 200 Joer Par Holzem