D'Kierch zu Dickweiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert.

Kierch vun Dickweiler

Uertschaft / Plaz Dickweiler
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Maria Magdalena
Koordinaten 49° 47’ 01.2’’ N
      06° 28’ 17.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Maria Magdalena, där hiert Fest den 22. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR370, am Zentrum vun der Uertschaft. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Se gouf de 26. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Rouspert hunn ausser der Filialkierch vun Dickweiler och nach d'Parkierch vu Rouspert an d'Kapell op der Giischterklaus gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Dickweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Kierch vun Dickweiler (Südsäit)

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).