Kichelchen
E Kichelchen ass eng kleng, platt, gebaken Iesswuer, déi normalerweis aus Eeër, Miel, Fett, Salz an Zocker besteet. Traditionell gi Kichelcher beim Téi oder beim Kaffi zerwéiert, mä och als Reesproviant sinn si beléift. Bekannt Zorte Kichelcher sinn de Petit-beurre, den Nonnefascht an de Gromperekichelchen.