Khor Virap

armeenescht Klouschter

Khor Virap (Armeenesch: Խոր Վիրապ) ass en armeenescht Klouschter, dat tëscht de Stied Artaschat an Ararat an der Provënz Ararat läit. Et ass eng 40 km südlech vu Jerewan no bei der Grenz mat der Tierkei, virum Bierg Ararat.

Khor Virap

Et huet fir d'Armeenier eng wichteg Bedeitung, well der Legend no, do de Gregor den Erliichter 13 Joer laang vum Kinnek Tiridates IV. gefaange gehale gouf. De Gregorius konnt 301 de Kinnek zum Chrëschtentum bekéieren, woumat Armenien dat éischt Land gouf, dat déi Relioun als Staatsrelioun hat.

Um Hiwwel viru Khor Virap gouf och 180 v. Chr. déi al armeenesch Haaptstad Artaxata gebaut. D'Klouschter selwer ass aus dem 17. Joerhonnert a gouf op der Plaz vun enger Kierch aus dem 7. Joerhonnert opgeriicht.

Um Spaweck änneren

Commons: Khor Virap – Biller, Videoen oder Audiodateien